Verstäerkung vum Service d’aide médicale urgente (SAMU) mat enger 4. Unitéit.

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 571

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister an un d’Madamm Inneminister weider ze leeden.

Viru kuerzem huet d’Regierung ugekënnegt, datt de Service d’aide médicale urgente (SAMU) mat enger 4. Unitéit verstäerkt gëtt. Am Moment ginn et SAMU-Unitéiten an der Haaptstad, zu Ettelbréck an zu Esch, jeeweils un e Spidol gebonnen. Dat nei 4. SAMU-Gefier gëtt provisoresch zu Hesper am Gebai vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) stationéiert a plënnert spéider an déi nei Zentral vum CGDIS zu Gaasperech. Den neie SAMU soll ab dem 1. Juli operationell sinn, bis dohi gëtt nach dat noutwendegt Personal, also en Noutdokter an eng Rei Infirmiere spezialiséiert an Anästhesie a Reanimatioun rekrutéiert.

Och wann dës Mesure ze begréissen ass, esou wéilt ech an dësem Kontext gäre folgend Präzisiounen vun der Regierung froen:

  • Wéi gëtt d’Koordinatioun tëscht de 4 SAMU-Unitéiten assuréiert resp. reorganiséiert?
  • Dovun ausgoend, datt am Dag ronn 780.000 Leit am Land sinn, ass mat 4 SAMU-Unitéiten de Ratio nach ëmmer bei 195.000 Leit pro SAMU. Wëssend datt an eisen Nopeschlänner de Ratio tëscht 1/60.000 an 1/100.000 läit, gedenkt d’Regierung mëttelfristeg weider SAMU-Unitéiten ze schafen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten

Zréck