Verspéidungen am Zuchtrafic : Wat sinn d’Ursaachen an d’Konsequenzen ?

Réponse à la question N° 3545 (Question écrite) de Madame Sylvie Andrich-Duval, Députée concernant Retards sur le réseau ferroviaire, par Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructure: QP3545

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Verspéidungen am Zuchtrafic un den Här Nohaltegkeetsminister weiderzeginn.

An de läschte Jore si vill Efforten ënnerholl gi fir den ëffentlechen Transport méi attraktiv ze maachen. Och den neien Horaire deen zanter dem 10. Dezember spillt soll zu Verbesserungen am Zuchreseau bäidroen.

Leider hëlt Onzefriddenheet vu ville Leit duerch alldeeglech Zuchverspéidunge respektiv duerch carrément d’Sträiche vun Zich ëmmer méi zou. Sou ginn et mengen Informatiounen no Zuchlinnen déi ënnert anerem bis zu 12 Verspéidungen an engem Mount hunn.

Duerch dës Ëmstänn komme vill Leit net mat Zäit op hir Aarbecht a mussen dofir Iwwerstonne maache fir déi verlueren Aarbechtszäit erëm eranzehuelen. Anscheinend kréien an der Tëschenzäit  vill Leit besonnesch am Privatsecteur un d’Häerz geluecht erëm mam Auto schaffen ze kommen oder huele selwer déi Decisioun, och well den Patron d’Excusen déi CFL am Fall vun enger Verspéidung ausstellen, net méi kann oder well alldeeglech unhuelen. Aner Leit kënne wéinst der Problematik vun der Onpünktlechkeet hir Doktesch Rendezvousen net wouerhuelen, wat mat Käschte verbonnen ass, well den Dokter säi Rendezvous awer verrechent op een do war oder net.

An dësem Kontext wollt ech dem Nohaltegkeetsminister dës Froe stellen :

  • Gett am Sënn vun der Transparenz driwwer nogeduecht all Mount Statistiken iwwert Pünktlechkeet ze presentéieren, esou wei déi belsch a franséisch Eisebunn daat all Mount maachen ?
  • Wéivill Prozent vun den Zich am Mount hu schonns beim Depart eng Verspéidung ?
  • Wéivill Zich gi pro Mount annuléiert a firwat ?
  • Wie héich ass de Prozentsaz am Mount vun de richtegen Offaarts- an Ukommenszäiten ?
  • Ass schonns eng Kéier driwwer nogeduecht gi fir de geschiedegte Clienteë bei Onpénktlechkeet eng Entschiedegung zoukommen ze loossen a wa jo wéi kéint sou eng Entschiedegung ausgesinn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Sylvie Andrich-Duval

Deputéiert

Zréck