Verbreet déi lëtzebuergesch Firma GCore Labs S.A. als sou genanntent „Content Delivery Network“ iwwer Serveren an Däitschland indirekt Inhalter vum russesche Fernseesender Russia today ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un de Medien- a Kommunikatiounsminister an un den Ausseminister weiderzeleeden.
Laut Medieberichter verbreet déi lëtzebuergesch Firma GCore Labs S.A. als sou genanntent „Content Delivery Network“ iwwer Serveren an Däitschland indirekt Inhalter vum russesche Fernseesender Russia today.  Russia today ënnerläit allerdéngs de Sanktiounen, déi d’EU wéinst der russescher Invasioun an der Ukrain verhaangen huet. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un de Medien- a Kommunikatiounsminister an un den Ausseminister stellen:
Kann d’Regierung d’Informatiounen aus der Presse confirméieren?
Wa jo, ënnerleeft GCore Labs S.A. domat net d’EU-Sanktiounen?
Wat wëllt d’Regierung ënnerhuelen, fir de Fall wou d’EU-Sanktiounen net respektéiert ginn?
Sinn der Regierung nach aner lëtzebuergesch Firme bekannt, déi d’EU-Sanktiounen direkt oder indirekt ënnerlafen?
Wa jo, ëm wat fir Entreprisen handelt et sech a wat huet d’Regierung gemaach, fir des Praxis ze ënnerbannen?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz, Laurent Mosar
Deputéierten Deputéierten

Zréck