Stockage vu Piff : Firwat elo Kontrollen a firwat ginn déi an de Medien ugekënnegt ?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt:  QP 3922

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Kontrolle beim Stockage vu Gülle un den Här Landwirtschaftsminister an Madamm Ëmweltminister weiderzeleeden.

Ab dem Mount Juli gëtt eng grouss landeswäit Kontrollcampagne vun der Douane ënnert der Leedung vun der Ëmweltverwaltung organiséiert fir op de landwirtschaftleche Betriber d’Commodo’s-Oplagen an de Klassen 1,3 a 4 ze kontrolléieren. Notamment soll de Stockage vu Gülle kontrolléiert ginn.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an der Madamm Ëmweltminister folgend Froe stellen.

  • Besteet aktuell en akuten Handlungsbedarf a punkto Commodo-Incommodo-Oplagen dat elo matten am Summer, wou d’Betriber vill Aarbecht hunn mat der Recolte, Kontrollen op de Betriber duerchgefouert ginn?
  • De Stockage vu Flessegdünger gëtt bei de Flächenkontrollen  op Grond vun der Agrarpolitik systematesch matkontrolléiert. Firwat ordonnéiert Madamm Ëmweltministesch nach zousätzlech Kontrollen?
  • Ass des Aktioun mam Landwirtschaftsministère, dee jo fir déi aner Kontrollen zoustänneg ass, am Virfeld ofgeschwaat ginn?
  • Ass et usus esou eng  Kontrollkampagne mediewierksam ze annoncéiere  a riskéiert esou eng medien-annoncéiert Campagne net een direkten Afloss op den Image vun enger spezifescher Beruffssparten ze hunn ? Ginn Kontrollen a punkto Commodo-Incommodo Oplagen an anere Beruffssparten och mediewierksam annoncéiert an duerchgefouert?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen

Députéiert

Zréck