Stëmmt et datt verschidden Affer vun der Héichwaasserkatastroph bis haut, trotz Zousoen vun der Regierung, keng finanziell Ënnerstëtzung kritt hunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Héichwaasser vum Juli 2021 un Madamm Inneminister, den Här Minister fir Mëttelstand an d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun weiderzeleeden.

D’Héichwaasserkatastroph am Juli lescht Joer huet a verschiddene Géigende vum Land extrem Schied hannerlooss vun deem esouwuel Privatleit, Baueren, Geschäftsleit an och Gemenge betraff waren. An den Äntwerten op d’parlamentaresch Ufroen n°5691 a n°6008  huet d’Regierung erkläert, dass finanziell Hëllefe vun 100.000.000€ un d’Affer ausbezuelt sollte ginn. Laut engem Artikel op wort.lu ware bis Mëtt Mäerz awer eréischt 12 Milliounen ausbezuelt ginn. An engem weideren Artikel aus dem Wort vum 28. Mee 2022 ass ze liesen, dass verschidden Affer awer bis haut, trotz Zousoen, keng finanziell Ënnerstëtzung kritt  hunn. Dës Aussoen hu mir och vu Privat-  a Geschäftsleit sou wéi vun de Gemengeresponsabelen héieren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung riichten:

  • Kann d’Regierung dës Informatioun bestätegen?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir net bezuelten Hëllefen? Ginn dës Hëllefen nach ausbezuelt?
  • Wa jo – bis wéini gedenkt d´Regierung, dës Hëllefen ze bezuelen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

   Max Hengel                              Léon Gloden                             Octavie Modert

 

    Deputéiert

 

Zréck