Stëmmt et datt Impfdosissen déi vu Prisonéier refuséiert goufen, ewechgeheit an net weider verdeelt goufen ? 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Laut mengen Informatiounen huet eng héich Unzuel un Prisonéier refuséiert sech impfen ze loossen, d’Dosen vun deenen refuséierten Impfungen wieren ewechgeheit an net weiderverdeelt ginn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi vill Prozent vun de Prisonéier zu Schraasseg sinn bis dato geimpft ginn?
  • Wéi vill Impfdosen waren am ganzen virgesinn fir Prisonéier ze impfen?
  • Wat ass mat den iwwreg bliwwenen Impfdosen, déi net administréiert gi sinn, gemaach ginn?
  • Stemmt et dass déi Impfdosen ewech geheit gi sinn?
  • Wëssend dass déi Impfdosen sech net laang halen bei normalen Temperaturen wann de Flacon bis ugefaangen ass, wär et net méiglech gewiescht déi Dosen fir Prisongspersonal (Giichtecher) ze gebrauchen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp
Deputéiert

 

Zréck