Stëmmt et datt de Fonds du Logement Suen, déi un eng Lëtzebuerger Baufirma sollten iwwerwise ginn, op e falsche polnesche Kont iwwerwisen huet? Wat ënnerhëlt déi zoustänneg Ministesch datt esou eppes net méi virkënnt?

Hei fann der d’Äntwert vun der Ministerin op dës Fro: QP 248

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Fonds du Logement un d‘Madamm Logementsminister weiderzeginn.

Laut Informatioune vu RTL Radio Lëtzebuerg huet de Fonds du Logement Suen déi un eng lëtzebuerger Baufirma sollten iwwerwise ginn op e falsche polnesche Kont iwwerwisen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Madamm Logementsminister riichten.

  • Kann d‘Madamm Minister dës Informatioun confirméieren ?
  • Wei kann et sinn datt no engem kompletten Audit an no enger Restrukturatioun vum Fonds du Logement et zu esou engem Dysfonctionnement ka kommen?
  • Wei ass déi intern Prozedur vum Fonds du Logement wat Zertifikatioun an d’Bezuele vu Rechnungen ugeet?
  • Wei kann et sinn datt eng Rechnung vun enger lëtzebuerger Firma zertifiéiert gëtt fir eng Iwwerweisung op e polnesche Kont ze maachen?
  • Firwat gouf d’Prozedur vun der duebeler Validatioun am Fall vum Changement vum Kont vum Bénéficiaire net ugewand?
  • Wat mescht de Fonds du Logement fir dës Suen nees ze recuperéieren?
  • Wat ënnerhuelt déi zoustänneg Ministesch datt esou Dysfonctionnement net méi virkommen?
  • Stemmt et dat de Fonds du Logement eng Plainte gemaach huet ? Firwat a géint wien?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck