Stëmmt et datt de Centre-douanier Est zu Gréiwemaacher zougemaach soll ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no soll de Centre-douanier Est zu Gréiwemaacher zougemaach ginn. Nieft der Recette, de Brigadë Contrôle Transport a Contrôle Santé ass dësen Douane-Büro deen eenzegen deen zoustänneg ass fir d’Kontrolle vun alle Brennereien am Land, vun deenen déi meescht tëscht Schengen an Iechternach sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir dës Decisioun?
  • Wéi e Centre-Douanier soll déi Aufgaben dann elo iwwerhuelen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck