Stëmmt et, datt d’Ambulanzen d’Kanner am Fall vun enger Urgence nëmmen dierfen an d’Kannerklinik féieren?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

D‘Kannerklinik ass déi zentral Ulafstell fir pediatresch Urgencen. Och Kanner aus dem Norde vum Land ginn am Noutfall vun der Ambulanz an d’Kannerklinik gefouert, an dat onofhängeg vun der Auerzäit an der Gravitéit vum jeeweilege Fall. Den Transport kascht vill Zäit a fir d’Elteren ass de Wee dacks wäit. Ausserdeem sinn d’Waardezäiten an der Kannerklinik meeschtens laang. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Stëmmt et, datt d’Ambulanzen d’Kanner am Fall vun enger Urgence nëmmen dierfen an d’Kannerklinik féieren?
    • Wa jo, ass sech d’Regierung bewosst, datt fir Elteren aus dem Norde vum Land déi grouss Distanz an déi vill Zäit, déi si fir de Wee brauchen, e Problem duerstellt?
    • Wa jo, wier et net sënnvoll, wa Kanner mat méi einfache Pathologien, wéi z.B. Platzwonnen, vun der Ambulanz kéinten an d’Urgence an de Centre Hospitalier du Nord gefouert an och do behandelt ginn?
  • Huet d’Regierung Zuelen ob, a wa jo wéi vill Leit an der Kannerklinik fortginn an an eng aner Klinik fueren, well d’Waardezäiten an der Urgence vun der Kannerklinik ze laang ass?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck