Stëmmt d´Positioun vun der Partei “déi Gréng” mat der Regierung hirer iwwert eneen, wat d’Deele vu Steierrecettë mat de Nopeschregiounen ugeet ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister, den Här Finanzminister an d´Madamm Ministesch fir d´Groussregioun weider ze leeden.

Bis dato war d´Positioun vun der Regierung zum Deele vu Steierrecettë mat de Nopeschregiounen ëmmer relativ ofleenend. An enger Pressekonferenz vun der Regierungspartei déi gréng  lescht Woch ass awer der hire Co-President Christian Kmiotek sou zitéiert ginn: „Es wäre denkbar, einen Teil unserer Steuererträge mit unseren Nachbarregionen zu teilen, wenn wir so unsere Infrastruktur entlasten können.“

Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un d´Madamm an d´Häre Minister stellen:

  • Stëmmt d´Positioun vun der Partei déi gréng mat der Regierung hirer iwwert eneen?
  • Wann jo, ass et zu engem Revirement an der Politik vun der Regierung komm? Falls jo, aus wéi enge Grënn?
  • Wéi soll déi zukünfteg Relatioun mat de Nopeschlänner an dësem Kontext ausgesinn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck