Sollt dat aktuellt Strofmooss bei sexuellem Mëssbrauch a Vergewaltegung net méi streng gemaach ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

An engem rezenten Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort, kann een de couragéisen Temoignage vun enger jonker Fra noliesen, di vun engem Museksdirigent sexuell mëssbraucht gouf. Si huet elo decidéiert fir hiert Erlieften public ze maache fir esou och aner Affer ze encouragéiere fir doriwwer ze schwätzen, an esoumadder aanerer ze sensibiliseieren an ze warnen.

Si war net di eenzeg di Affer vu sengen Dote gouf, a sou koum et datt den Täter ugeklot gouf wingst sexuellem Mëssbrauch, sexuell Nötigung a Vergewaltegung.

D’Strofmooss war 8 Joer op Sursis an eng Geldstrof. Fir di betraffe Fraen ass dëst Jugement eng weider Demütegung.

D’Unzuel vu sexuellen Iwwergrëffer geet all Joer an d’Luucht, mee vill Affer maache keng Plainte, dëst well se Angscht hunn datt den Täter duerch di aktuell Gesetzer awer weiderhin op fräie Fouss bleift.

An dësem Kontext well ech folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen :

  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung datt dat aktuellt Strofmooss bei sexuellem Mëssbrauch streng genuch ass ?
  • Gedenkt d’Madamm Ministesch um penale Plang Adaptatioune vir ze huelen, fir d’Strofmooss bei sexuellem Mëssbrauch méi streng ze maachen ?
  • Wa jo, wat genau ass virgesinn ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto

Deputeiert

Zréck