Sinn zu Lëtzebuerg Fäll vun nogewisene schwéiere gesondheetleche Schied duerch eng Covid-19-Impfung bekannt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

An Däitschland sinn Impfschied, ervirgeruff durch d’Injektiounen géint de Covid-19-Virus, zënter e puer Deeg an der Aktualitéit. Dat, well den däitsche Gesondheetsminister e Programm presentéiert huet, deen op all déi Leit ausgeriicht ass, déi schwéier gesondheetlech Schied duerch d’Impfung erlidden hunn an deenen elo soll gehollef ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgenden Froen un d’Madamm Gesondheetsminister riichten:

  • Sinn zu Lëtzebuerg Fäll vun nogewisene schwéiere gesondheetleche Schied duerch eng Covid-19-Impfung bekannt ?

Am Fall vun der Existenz vun esou Fäll stelle sech eng Partie weider Froen :

  • Wouranner bestinn dës Impfschied respektiv wéi eng gesondheetlech Aschränkungen hunn dës Leit ?
  • Ëm wéi vill Fäll handelt et sech genau ?
  • Wéi al sinn déi betraffe Leit ?
  • Ass e spezielle Programm virgesi fir déi betraffe Leit?
    • Wa jo, wat gesäit dee Programm am Detail vir a vu wéini un soll en e Kraaft trieden ?
    • Wann net, wéi gedenkt d’Regierung an Zukunft mat de betraffene Leit an hire Problemer ëmzegoen ?
  • Ganz allgemeng, a wéi wäit plangt d’Regierung, d’Covid-19-Pandemie an hir Konsequenzen op d’Populatioun an hirer ganzer Breet opzeschaffen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck