Sinn opgrond vun der ëffentlecher Consultatioun nach Upassunge beim neien Naturschutzplang virgesinn?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

 

Am Kader vum aktuellen Entworf zum Plan national concernant la protection de la nature (PNPN3) als strategescht Instrument fir d’Ëmsetzung vun der Naturschutzpolitik zu Lëtzebuerg ze garantéieren, huet am Zäitraum vum 10. Oktober bis den 8. November eng ëffentlech Consultatioun stattfonnt. Dobäi konnten interesséiert Bierger hier Commentairen an Umierkungen era schécken. Eisen Informatiounen no, soll och ee Workshop an deem Kader stattfonnt hunn.

 

Doropshin wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen:

  • Wéi vill Commentairë sinn zum PNPN3 era geschéckt ginn? Sinn opgrond vun dësen nach Upassunge vum PNPN3 virgesinn?
  • Ween war op de genannte Workshop invitéiert a wat waren d’Konditioune fir eng Participatioun?
  • Ween huet schlussendlech däerfen um Workshop deelhuelen?
    • Wéi eng Conclusioune kënnen aus dësem Workshop gezu ginn a fléissen déi nach an de PNPN3 an?

 

Aus dem PNPN3 geet och ervir, dass eent vun den Haaptziler an der Restauratioun vun Ekosystemer besteet.

  • Wéi vill Hektar sollen, ausserhalb vun den aktuellen Schutzzonen, restauréiert ginn?

 

Laut PNPN3 si quasi ¼ vun de landwirtschaftleche Flächen, also 18.000 Hektar als naturschutzrelevant Gréngland ausgewisen, dovu léie 4.000 Hektar a Schutzzonen. Doriwwer eraus geet eng verspéit Notzung vu Gréngland mat enger Verschlechterung vun der Fudderqualitéit anhier.

  • Wou genau leien dës 18.000 Hektar Gréngland? Wéi eng Bewirtschaftungsoplage sinn dofir virgesinn?
  • Wéi gedenkt d’Regierung d’Betriber, am Fall vun enger verspéiter Notzung vum Gréngland, ze ënnerstëtzen, fir d’ Ziel vun der Fudderautarkie ze erreechen?

 

Bis 2026 gesäit de PNPN3 vir d’Schutzgebidder an empfindlecht Grasland, y inclus Biotopen a Graslandhabitater, besonnesch ze berécksiichtegen, an dat ouni den Asaz vun Düngungsmëttel.

  • Wéi vill Hektar, wou net méi däerft gedüngt ginn, plangt d’Regierung an deem Kontext ze definéieren?

 

Am Kapitel 2.5. „Rétablir la nature sur les terres agricoles” vum PNPN3 gëtt dovunner geschwat, datt nei Aarbechtsplazen duerch verschidden Initiative wéi d’Biolandwirtschaft oder de ländlechen Tourismus kënne geschaf ginn.

  • Ass d’Regierung gewëllt, d’Naturschutzgesetz esou ëmzeänneren, datt och den Agrotourismus ob de Bauerenhäff an an der Gréngzone méiglech gëtt?

 

 

Här President, ech bieden Iech des Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

 

Zréck