Sinn d’Madamm an den Här Minister der Meenung, dass Associatiounen ausserhalb vum Sportberäich, déi wärend der Pandemie vill fir de Bien-être vu Kanner a jonke Leit bis 16 Joer geleescht hunn a weider leeschten, misste finanziell ënner d’Äerm gegraff kréien ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeminister an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Wéinst de Repercussioune vun der Covid-19-Pandemie ginn d’Sportsveräiner bis Enn des Joers weider finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Pro Lizenz kréien d’Clibb beispillsweis 20 Euro Subsid, mat engem Minimum vun 250 Euro. Doriwwer eraus, an dat ass dëst Joer nei, kréien d’Eltere vu Kanner a Jugendleche bis 16 Joer e Bong vu 50 Euro, wa se e Kand an engem Sportsveräin aschreiwen. Dëse Bong gëtt bei deem respektive Club fir d’Aschreiwung ageléist. De Sportsveräin sengersäits kritt de Betrag vu 50 Euro da vum Sportsministère iwwerwisen. Iwwer dëse Wee sollen d’Sportsveräiner finanziell ënnerstëtzt ginn, an dës Moossnam soll och dozou bäidroen, dass d’Clibb weider nei Membere kréien.

An deem Kontext sief drun erënnert, dass et am Beräich vum Benevolat och vill aner Associatiounen –   ausserhalb vum Sportberäich – gëtt, déi wärend der Pandemie vill fir de Bien-être vu Kanner a jonke Leit bis 16 Joer geleescht hunn. Als eent vu ville méigleche Beispiller sief de Scoutismus genannt, an deem FNEL a Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) eng ronn 8000 Memberen zielen.

Virum Hannergrond vun der konsequenter Ënnerstëtzung vun de Sportsveräiner duerch hiren zoustännege Ministère wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Familljeminister an un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Sinn d’Madamm an den Här Minister der Meenung, dass Associatiounen ausserhalb vum Sportberäich, déi wärend der Pandemie vill fir de Bien-être vu Kanner a jonke Leit bis 16 Joer geleescht hunn a weider leeschten, misste finanziell ënner d’Äerm gegraff kréien ?
  • Wa jo, wéi gedenke si, dëse Veräiner déi néideg Hëllef zoukommen ze loossen, vu wéini un an a wéi enger Héicht ?
  • Wann nee, firwat net ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck