Schwéngspescht : Gëtt et een Aktiounsplang ?

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës urgent parlamentaresch Fro iwwert déi afrikanesch Schwengspescht un den Här Landwirtschaftsminister an d’ Madamm Ëmweltminister weiderzeleeden.

Zu Etalle bei Arel gouf kierzlech déi afrikanesch Schwengspescht nogewisen. Bei de lëtzebuerger Schwengsbaueren herrscht dofir eng grouss Onsécherheet. Fir op Problematik hinzeweisen haten déi betraffe Baueren eng Reunioun mam Här Landwirtschaftsminister wou och no konkrete Mesurë gefrot ginn ass. Laut mengen Informatioune wier nach ëmmer kee konkreten Aktiounsplang do fir géint Schwengspescht virzegoen

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen.

·         Kann den Här Minister dëst bestätegen ?

·         Wa jo wat ass de Grond firwat et kee konkreten Aktiounsplang gëtt?

·         Wa neen, wéi geseit den Aktiounsplang aus?

·         Ass et wahrscheinlech datt Krankheet duerch e Wëldwiessel vu Polen an d‘Belsch komm ass oder éischter iwwer een aneren Wee?

·         Sinn  präventiv Mesuren am Beräich vum Transport ( Déieren, Fuddermëttelen, Kadaveren )zB durch obligatorisch Desinfektiounen geholl ginn ? Wann jo – wéi eng?

·         Riskéiert de Fall vun Etalle direkt Konsequenzen op eis Betriber a punkto Verkaf vun Déieren an d‘ Ausland respektiv op den Transport vun Déieren innerhalb vum Land ze hunn ?

Aktuell ass d’Naturverwaltung derbäi verschidde Freilandhaltungsprojet’en vun Hausschwäin, eng interessant Alternativ, ze entwéckelen.

De Risiko vun enger Kontaminatioun mat der afrikanesch Schwengspescht  mat Weldschwäin ass bekanntlech bei Freilandhaltung däitlech méi héich, wéi bei geschlosse Schwengsbetrieber. Laut mengen Informatioune befannen sech zwee vum Staat initiéiert Projet’en manner wéi 3 km ewech vun existenten haaptberuffleche Schwengsbetriber.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an der Madamm Ëmweltminister  folgend Froe stellen

 

·         Wéi grouss schätzt d’ Mme Minister, den Här Minister de Risiko an d’ Gefor an , wann esou Projet’en manner wéi 3 km ewech vun deene Betriber initiéiert? Beim Ausbroch an Constat vun der afrikanescher Schwengspescht  mussen bekanntlech all Hausschwäin an engem Rayon vun 3 km gekeult ginn.

·         Wat geschitt mat den aktuellen Projet’en no Ausbroch vun der afrikanesch Schwengspescht  an der Grenzregioun? Ginn sie weider verfollegt? Wéi kann een den Risiko reduzéieren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 
Martine Hansen

Députéiert

Zréck