Schanz/Altréier : Moossname fir d’Sécherheet vun de Foussgänger sinn dréngend néideg !

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 218

 

Här Prësident,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Op der Schanz/Altréier mussen d’Lycéesschüler, grad esou wéi aner Benotzer vum ëffentlechen Transport, iwwer déi dräispureg E29 goen, fir op d’Bushaltestell op der Kräizenhéicht resp. fir Richtung Duerf ze goen. Dës Strooss ass d’Haaptverbindung aus der Stad iwwert Jonglënster op Iechternach an dohier vill befuer. Am Wanter, an der Däischtert oder bei Niwwel ass ët nach vill méi geféierlech fir duerch den décke Verkéier iwwer dës dräispuereg Haaptstrooss ze goen.

An dësem Kontext géif ech gär folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderleeden:

Ass sech de Minister dëser Situatioun bewosst?
Wa jo, deelt de Minister d’Meenung datt hei am Sënn vun der Foussgängersécherheet déi néideg Moossname musse geholl ginn?
Mat déiwem Respekt,

 

 

Octavie Modert

Deputéiert

 

 

 

 

 

 

Zréck