Riedelen zu Lëtzebuerg : Wéi goufen d’Patienten ugestach a ginn et Statistiken zu den Impfungen? Sollt de Vaccin obligatoresch ginn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP559

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Informatioune vun der Presse no, ginn et aktuell 7 Fäll vu Riedelen hei am Land. Et gouf e Foyer vun dëser viraler an extrem ustiechender Krankheet zu Mamer an der Europaschoul. Et kann een sech géint d’Riedelen impfe loossen, en Traitement wann een d’Krankheet huet gëtt et net. D’Riedele kënne grave Komplikatioune mat sech bréngen an am uergste Fall zum Doud féieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Ass bekannt wéi déi concernéiert Kanner sech infizéiert hunn? Waren se net geimpft oder haten se de Rappell verpasst?
Ginn et Statistike wéi vill Prozent vun de Leit géint d’Riedelen geimpft sinn?
Wier et an den Ae vun der Regierung sënnvoll d’Impfung géint d’Riedelen obligatoresch ze maachen?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt épouse Kemp

Deputéiert

Zréck