Rezent Héichwaasser : Firwat gouf et keng Fréiwarnung ? Wéi kann een d’Präventioun verbesseren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringlech parlamentaresch Fro zu de rezenten Héichwaasser un d’Madamm Inneministesch an d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

Bei den Iwwerschwemmungen den 3. a 4. Februar 2020 sinn op ville Platzen am Land grouss Schied entstanen. Laut mengen Informatioune si weder d’Leit nach déi lokal Autoritéite fréizäiteg duerch de System GouvAlert iwwer dës Héichwaasser informéiert ginn. Bis en Dënschdeg de Moien wär keng offiziell Aläerte vum Waasserwirtschaftsamt oder dem CGDIS rausgaange fir esou fir eng besser Präventioun ze suergen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamme Ministere stellen:

Kënnen d’Madamme Ministere meng Informatioune confirméieren?
Wann jo – firwat sinn déi offiziell Aläerten net éischter rausgaangen?
Wéi wëllen déi zwee Ministeren an Zukunft fir eng besser Präventioun an Informatioun a punkto Héichwaasserschutz suergen?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck