Restopolis – Mei Produkter aus der lëtzebuerger Landwirtschaft

Réponse à la question N° 2002 (Question écrite) de Madame Martine Hansen, Députée, Monsieur Marco Schank, Député concernant Politique d’achat de Restopolis en ce qui concerne les produits du terroir issus de l’agriculture domestique et en particulier de l’agriculture biologique, par Monsieur Fernand Etgen, Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des Consommateurs, Monsieur Claude Meisch, Ministre de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse:QP 2002


 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister vun der Landwirtschaft an un den Här Schoulminister weiderzeginn.

An der Äntwert op parlamentaresch Fro 1791 vum 9. Februar 2016 iwwer verschaffte Produkter bei Restopolis aus der lëtzebuerger Landwirtschaft, huet den Här Schoulminister präziséiert dass den aktuelle Prozentsaz nach gesteigert kéint ginn. Grënn sinn de Mangel un Verfügbarkeet, Verdeelungsméiglichkeete vun den “klengen” Distributeur’ en an ökonomesch Grënn

An deem Kader, wollte mir dem Här Minister vun der Landwirtschaft an dem Här Schoulminister dës Froe stellen:

  1. Laut eisen Informatioune gëtt et an all Restaurant scolaire vu Restopolis pro Dag dat selwecht ze iessen. Kann dëst net ee Problem sinn deen de Mangel un Verfügbarkeet erklärt? Ass schonns analyséiert ginn, ob een des Virgab kënnt änneren a wat fir een Afloss dat ob de méiglechen Taux vu regionale Produkter hätt?
  1. Et erschéngt normal datt et méi einfach ass alles iwwer ee groussen Distributeur an ze kafen. Ob der anerer Säit ginn et awer verschidde landwirtschaftlech Organisatiounen, déi gäre géife verstäerkt un z.B. Restopolis  liwweren. Sinn hei d’ Méiglechkeete genau analyséiert ginn, wéi datt dëst eventuell kënnt goen? Wär ee Projet Pilote net eng Méiglechkeet fir dat ze testen ? Sinn d’ Ministeren esou enger Iddi vis-à-vis favorabel?
  1. Den Här Minister gëtt och ökonomesch Grënn un firwat net méi lokal Produkter an der Restauration Scolaire verschafft ginn. Wat géif et méi kaschten, wann méi regional Wuere géifen akaaft ginn? Vun wou ginn déi  Liewensmëttelen akaaft, déi och hei zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, déi awer hei net akaaft ginn, well se méi deier sinn ? Wéi eng Liewensmëttele sinn dat? Wéi eng Méiglechkeete ginn et fir dëst zousätzlech ze ënnerstëtzen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen                              

Marco Schank

Députéiert

Zréck