Reduzéierung vum Plastikoffall: Wéi eng “Incentives” gesäit d’Regierung fir Geschäfter an Entreprise vir, fir d’Reduktioun vu Plastikverpackungen?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 745

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltminister, den Här Minister fir d’Ekonomie an den Här Minister fir de Mëttelstand weider ze leeden.

An der rezenter Orientéierungsdebatte iwwer d’Reduzéiere vum Plastiksoffall sinn eng Rei interessant Iddien a Virschléi diskutéiert ginn.

Et muss een allerdéngs och feststellen datt verschidden Entreprisen am Land hir Wueren deels exklusiv a Plastiksverpackungen ubidden, wéi z.B. eng grouss Drénkwaasser-Entreprise aus dem Weste vum Grand-Duché.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt et sënnvoll wier sougenannt “Incentives” ze schafe fir eis Betriber ze motivéiere vu Plastiksverpackungen op méi ökologesch Alternativen ze wiesselen?
  • Wann nee, aus wat fir engem Grond?
  • Wa jo, huet d’Regierung scho konkret Iddien?
  • Wa scho Plastik benotzt get misst da net kloer d‘Klassifikatioun vum Plastik dropstoen?
  • Weieng Initiativen sin virgesin, fir och d‘Geschäfter derzou ze bewegen ob di eenzel Plastikverpackungen vun Uebst, Geméis a Kaffiskichelcher ze verzichten, an Alternativen unzebidden ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch                                                                                                                                                         Paul Galles

                                                                                                              Deputéierten

Zréck