Projet Google zu Biissen: No der Aktualitéitsstonn vum 27. Mäerz bleiwen eng ganz Partie Froen vu Regierungssäit onbeäntwert.

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 578

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir lech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Projet Google un den Här Minister fir Energie an un Madamm Minister fir Ëmwelt weiderzeleeden.

Am Kader vun der Aktualitéitsstonn vum 27. Mäerz 2019 iwwert de Projet Google sinn eng Reih vu Froen ouni Äntwerte bliwwen. Dofir welle mir déi an aner Froen nach eng Kéier un d’Regierung riichten.

Laut Informatioune vun der Presse kéint een eventuellen Datenzenter zu Biissen eng 2500 Gigawatt Stonne pro Joer verbrauchen. An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Wann een eventuellen Datenzenter vu Google géif 2500 Gigawatt Stonne Stroum pro Joer verbrauche, geet dann eis aktuell Netzkapazitéit duer oder muss de Reseau fir sou eng zousätzlech Nofro u Stroum verstäerkt ginn, fir dass Versuergungssécherheet weiderhin assuréiert bléift ?
  • Sinn theoretesch Berechnungen a sou engem Sënn getätegt ginn a wa jo wat sinn Resultater vun dëse Berechnungen ?
  • Wann wéinst dem Projet Google an de Reseau misst investéiert ginn, wei well Regierung verhënneren, dass déi Méikäschten op den Endkonsument reperkutéiert ginn ?

Am Fall wou een eventuellen Datenzenter vu Google géif 2500 Gigawatt Stonne Stroum pro Joer verbrauche géif de Gesamtenergieverbrauch hei am Land massiv an d’Luucht goen.

  • Kann Regierung an dësem präzise Fall nach hiert am Energie-Effizienz-Plang gesaten Ziel erreechen a Punkto Reduktioun vum Gesamtenergieverbrauch zu Lëtzebuerg ?
  • Wann dëst Ziel net erreecht gëtt, riskéiert Lëtzebuerg dann eventuell Strofen ze bezuelen ?
  • Kann Regierung an dësem präzise Fall nach hiert Ziel am Beräich vun den erneierbaren Energien erfëllen ?
  • Wei ka séchergestallt ginn, dass wa Google decidéiert een Datenzenter zu Lëtzebuerg ze bauen, dass si net op bëllegen Atomstroum zeréckgräifen ?
  • Wat ass Positioun vun der Regierung zur Ausso vum Mouvement Ecologique, den Tanktourismus géif duerch ee Stroumtourismus ersat ginn, well ee vun den Haaptargumenter fir Google op Lëtzebuerg ze kréien ass den niddrege Stroumpräis ?
  • Huet Regierung een Accord mat Google fir Terrainen zréckzekafe wann de Projet vum Datenzenter net realiséiert géif ginn ? Wa jo zu wei engem Präis?
  • Ginn et respektiv gi separat steierlech Konditiounen ënnert der Form vun engem Steierruling fir Google agefouert wann si decidéiere géifen een Datenzenter zu Bissen ze bauen ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                       Michel Wolter

 

                                    Députéiert

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Zréck