Projet Google: Huet Regierung een Accord mat Google fir Terrainen zréckzekafe wann de Projet vum Datenzenter net realiséiert géif ginn ? Wa jo zu wei engem Präis?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 688

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir lech, des parlamentaresch Fro iwwert de Projet Google un den Här Minister fir Wirtschaft weider ze leeden.

Am Kader vun der Aktualitéitsstonn vum 27. Mäerz 2019 iwwert de eventuelle Projet Google an der Gemeng Biissen huet den Här Wirtschaftsminister zum Sujet vun den Industriezonen ënnert anerem folgende Saz gesot :

« …Wann dann elo, par impossible, aus deem Projet Google näischt gëtt, da maache mer eben eng aner Zone d’activités économiques dohinner. »

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Wirtschaftsminister stellen, déi mir iwwregens schonns an der Fro Nummer 578 vum 29. Mäerz 2019 an och mëndlech an der ëffentlecher Sëtzung vum 7. Mee gestallt hunn, déi awer ouni Äntwerte bliwwen sinn:

 

  • Huet Regierung een Accord mat Google fir Terrainen zréckzekafe wann de Projet vum Datenzenter net realiséiert géif ginn ?

 

  • Wa jo zu wei engem Präis?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen                                           Michel Wolter

                                         Deputéiert

Zréck