Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weider ze leeden.
An der Press ass ze liesen, dass de Projet fir een neien Hangar fir de Rettungshelikopter an der Nordspëtzt nach kéint dës Joer konkret ginn. Am selwechten Artikel geet dovu riets, dass den Hangar bei der Ettelbrécker Klinik net méi laang kéint genotzt ginn, e.a. well d’Afluchschneis net méi den internationale Standarde géing entspriechen.
- An deem Kontext wollte mir follgend Froen un den Här Inneminister stellen:
- Kann den Här Minister dës Informatioune konfirméieren?
- Sinn nei international Standarde fixéiert, a wéini ginn déi zu Lëtzebuerg a Kraaft?
- Wéi eng alternativ Sitte fir d’Stationéierung vum Rettungshelikopter am Norde sinn aktuell am Gespréich?
- Stellt d’Regierung sécher, dass d’Ettelbrécker Spidol eng Landeplaz um Daach vum Gebai kritt, ier een eventuell neien Hangar a Betrib geholl gëtt?
- Wéi kann an Zukunft sécher gestallt ginn, dass d’Richtlinne vum Plan Nationale d’Organisation des Secours kënne garantéiert ginn?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Charel Weiler Jean-Paul Schaaf
Deputéierten Deputéierten
Zréck