Ausschaffe vum Projet de règlement grand-ducal iwwert Schutzzone ronderëm de Séi vun der Uewersauer

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 3952

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert déi néi Waasserschutzzonen am Stauséigebitt un d‘Madame Minister fir Ëmwelt an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

De Projet de règlement grand-ducal fir d’Fixéiere vun de Schutzzone ronderëm de Séi vun der Uewersauer ass am Moment an der Diskussioun. An der Press war ze liesen, dat et am Kontext vum zukünftege Waasserschutzkonzept um Stauséi ëm d’Iwwerliewe vun enger Parti Bauerebetriber geet.

 

Dowéinst wëlle mir deene béid Ministere folgend Froe stellen:

  • Wéi enk war de Landwirtschaftsminister beim Ausschaffe vun dem Projet de règlement grand-ducal agebonnen? Wat ass d’Positioun vum Landwirtschaftsminister? Si konkret Upassungsvirschléi vum Landwirtschaftsministère a senge Verwaltungen an de Projet de règlement vun de Schutzzonen agefloss?

 

  • War d’Beruffsvertriedung beim Ausschaffen vun de Schutzzonen an den entspriechenden Virschrëften agebonne?

 

  • Ass et net ee Widdersproch organesch Düngung op enger Rei Flächen ganz ze verbidden, mee mineralesch Düngung zu der maximaler Dosis vun der Nitratdirektiv ze erlaben? Besteet net de Problem, datt ouni Organik een Ofbau vum Humus geschitt, an de Buedem seng biologesch Funktiounen net méi erfëllt?

 

  • Firwat gëtt de mineraleschen Dünger bevirzugt? Firwat ass hei net op eng Begrenzung vun den Nährstoffrr pro ha mat entspriechender Technik beim Ausbrénge vu Wirtschaftsdünger gesat ginn? Firwat gëtt hei net un eng positiv Approche an Zesummenaarbecht mat der LAKU („Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer“) geduecht?

 

  • Firwat gëtt bei der Beweedung mat zweeërlee Moss geschafft? Firwat gëtt bei der „normaler“ Beweedung eng ganz Réi Restriktiounen obgelëscht, bei der Beweedung am Kader vun engem Biodiversitéitsprogramm ass souguer eng Ganzjoeresbeweedung méiglech ? Firwat kann een eng Ganzjoeresbeweedung net ënnert ähnleche Waasserschutz-Konditioune wéi am Biodiversitéitsreglement virgesinn erlaben?

 

  • De Projet gesäit bei de landwirtschaftleche Bauten, de Vergréisserungen an den Ëmännerunge vir, datt des geneemegungspflichtig sinn. Wéi eng zousätzlech Bestëmmunge ginn et heizou (nieft de Bestëmmungen am Naturschutzgesetz etc)? Kommen hei zousätzlech Oplagen?

 

  • Och den Gebrauch an den Entretien vun den Drainagen ass geneemegungspflichtig. Wéi eng zousätzlech Bestëmmunge ginn et hei am Verglach zum Naturschutzgesetz?

 

  • Gëtt öffentlech gemaach, wéi eng Konditiounen ee muss erfëlle fir bestëmmten Autorisatioune kënnen ze kréien?

 

  • Wäerten d’Entschiedegunge fir landwirtschaftlech Notzflächen an deene verschiddene Schutzzone bekannt sinn éier déi offiziell Ëffentlechkeetsprozedur uleeft? Ass gekläert op wéi enger legaler Basis dës geplangten Entschiedegungen ausbezuelt ginn?

 

 

Martine Hansen                                                                                         Marco Schank

 

                                                                   Députéiert

Zréck