Prime fir de Verzicht op Glyphosat : Wéi gëtt Prime berechent a ginn et Statistiken ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech des parlamentaresch Fro iwwert d’Asetzen vum Glyphosat op Grénglandflächen un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Am Kader vun der Landschaftspflegeprimm kritt de Bauer wann en am Akerland op de Glyphosat verzicht eng Primm vun 30€ pro Hektar.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen:

Wéi gëtt déi Primm an der Héicht vun 30€ pro Hektar berechent ?

Ginn et Statistiken, wéi vill Glyphosat aktuell fir d‘Nei-Usot vun Grénglandfläche benotzt gëtt?

Ass och am Beräich vun de Grénglandflächen eng Mesure ugeduecht fir Reduktioun vum Glyphosat ze promouvéieren ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Députéiert

Zréck