Pacte Logement : Wat ass effektiv an de Wunnengsbau investéiert ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Pacte Logement un den Här Logementsminister weiderzeginn.

Duerch Gesetz iwwert de Pacte Logement aus dem Joer 2008 huet de Staat iwwert de Wee vu finanzielle Bäihëllefen d’Entwécklung vun de Gemengen ënnerstëtzt. De Gros vun de Sue sinn an de Bau a Renovatioun vu Schoulen, Maison Relaisen oder Crèchë gefloss. Laut dem 3. Monitoring vum Pacte Logement aus dem Joer 2018 sinn nëmmen e klengen Deel vun de Sue fir de Bau vu Wunnenge genotzt ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Logementsminister riichten:

  • Wat ass de Gesamtbetrag deen déi lëscht 10 Joer zanter dem Bestoe vum Pacte Logement fir d’Entwécklung vun de Gemengen ausbezuelt ginn ass ?

 

  • Wei ee Betrag gouf pro Gemeng via de Pacte Logement an dëser Period ausbezuelt?

 

  • Wat ass de Wuesstem vun der Populatioun pro Gemeng wärend dëser Zäit?

 

  • Wei eng Gemeng huet wärend dëser Zäit wat fir e Betrag spezifesch an de Wunnengsbau investéiert?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

 

Zréck