Opriichte vun engem Zonk vun 8 Kilometer Längt südlech vu Stengefort parallel zur Vëlospist als kuerzfristeg Moossnam géint déi afrikanesch Schwengspescht.

Här President

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech des dringend parlamentaresch Fro iwwert déi afrikanesch Schwengspescht un den Här Landwirtschaftsminister an un Madamm Minister fir Ëmwelt weiderzeleeden.

Läscht Woch huet d’Regierung op enger Pressekonferenz kuerzfristeg Moossnamen a Saachen afrikanesch Schwéngspescht annoncéiert fir d’Ausbreede vun dëser Krankheet anzedämmen.

Eng vun de Moossnamen ass d’Opriichte vun engem Zonk vun 8 Kilometer Längt, südlech vun Stengefort, parallel zur Vëlospist. Um Mëttwoch huet d’Arméi zesumme mat de Ponts et Chaussées ugefaangen tëscht Lénger a Grass dësen Zonk opzeriichten.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an der Madamm Minister fir Ëmwelt folgend Froe stellen:

  • Wei ass den exakten Tracé wou den Drot verleeft ? Firwat ass den Tracé net ëffentlech zougänglech ?  Ass et richteg,  dass den Tracé net komplett laanscht déi belsch Grenz verleeft mä just nëmmen deelweis ?

 

  • Firwat si Leit vum Terrain beim Festleeë vum Tracé net matabezu ginn ?

 

  • Kann Regierung mir déi legal Basis respektiv Prozedur nennen déi d’Opriichte vun dësem Zonk erlaabt ?

 

  • Ass am Virfeld mat de Proprietären vun den Terraine wou den Drot opgeriicht gëtt geschwat ginn ? Wann nee firwat net?

 

  • Brauch een den Accord vun de Proprietären fir den Drot opzeriichten ? Huet Regierung den Accord vun all de Proprietären ?

 

  • Fënnt Regierung et normal, dass bis gëschter iwwerhaapt keen Kontakt mat de concernéierte Gemenge gesicht ginn ass fir si iwwert dëse Projet an d’Bild ze setzen an am Virfeld wichteg Detailer ze klären an hinnen déi Informatiounen ze gi fir dass Gemengen hire besuergte Bierger kenne Ried an Äntwert stoen ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Michel Wolter

Députéierten

Zréck