Ongewéinlech Rekrutementsmoossname bei der Sports-Uni Lunex zu Déifferdeng ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro iwwert d’Sports-Uni Lunex zu Déifferdeng un den Här Minister fir Educatioun a Jugend weider ze leeden.

 

Am Géigesaz zur Belsch a Frankräich, gëtt et op der LUNEX Uni kee Numerus Clausus fir d`Kinéë-Formatioun. Laut eisen Informatiounen, setzt d´ LUNEX op ongewéinlech Moossnamen fir ëmmer méi Studenten an hir Kinéë-Formatioun ze kreien. Fir nei Studenten ze rekrutéieren, ginn zum Beispill Scouten engagéierter, fir potentiell Studenten am Ausland vun dësem Parcours ze iwwerzeegen.

Mengen Informatiounen no stinn, am Géigesaz zur Ausbildung an eisen Nopeschlänner keng „travaux pratiques“ um Programm. Des weideren géif wuel e Sécherheetsrisiko bestoen, duerch ze kleng Säll.

 

An dësem Kontext géif ech gären dem Här Minister fir Educatioun a Jugend folgend Froe stellen:

 

Ass d’Regierung iwwert dës ongewéinlech Rekrutementsmoossname vun der LUNEX informéiert?
Wat sinn d’Critèrë fir an dëser Formatioun ugeholl ze ginn?
Eis gouf och reportéiert dat d´lescht Joer 32 nepalesesch Studenten op Lëtzebuerg komm sinn, a sech an der LUNEX ageschriwwen hunn. Kann de Minister eis des Informatiounen bestätegen? Wann jo wei vill vun dëse Studenten sinn aktuell nach op der LUNEX ageschriwwen?
Här Minister, stinn „travaux pratiques“ um Programm? Wann nee, wéi kann an den Ae vun der Regierung, d’Qualitéit vun dëser Formatioun garantéiert, wann de Programme keng praktesch Aufgabe virgesäit?
Maachen d’Studenten, sou wéi d’Gesetz et virgesait, hier Stagen an vun Ministere agreéierten Institutiounen, an sou wéi den Règlement Grand-Ducal virgesait an deen verschidden Haaptbranchen, wéi zum Beispill der Orthopédie, Neurologie, Pediatrie asw.?
Wee kontrolléiert des Stagen ?
Ass sech d’Regierung bewosst iwwert déi bestoend Sécherheetsmängel? A wann jo, wat gedenkt se dogéint ze ënnerhuelen?
 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

 

Zréck