No Feeler am Gesetz iwwert Beruffsausbildung : Wéi gëtt “Validation des acquis de l’expérience” traitéiert ?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister weider ze leeden.

Am Juni gouf eng weider Reform vun der Beruffsausbildung gestëmmt. Mat dësem Gesetz huet d‘Validation des acquis de l‘ expérience (VAE) keng gesetzlecher Basis méi an der Beruffsausbildung. An dëst op Grond vun Feeler am Gesetz.

D’ CSV hat en Amendement deposéiert vir dëse Feeler ze corrigéieren. En Amendement, deen vun der Majoritéit net ugeholl ginn ass.

Obwuel den Här Minister dëse Feeler och agesinn hat, an ënnerstrach hat esou schnell wie méiglech eng Gesetzespropositioun auszeschaffen vir dëse Feeler réckgängeg ze maachen, ass dëst, eisen Informatiounen no, nach net geschitt.

 

Op Grond vun dësen Informatiounen well ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

Sinn aktuell Kandidaten derbäi hir VAE fir d‘ Beruffsausbildung ze maachen?
Wann jo, ob wéi enger gesetzlecher Basis ginn des Dossier`en traitéiert?
Wéini gedenkt de Minister der Validation des acquis de l‘ expérience an der Beruffsausbildung eng gesetzlech Basis ze ginn, respektiv de Feeler am Gesetz zur Beruffsausbildung ze redresséieren?
Sinn all d‘ groussherzoglech Reglementer déi am Gesetz virgesi waren ausgeschafft a publizéiert?
Wann nee, wéi eng Reglementer feelen nach a wéini ginn des publizéiert?
Mat déiwem Respekt,

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputeierten

Zréck