Neie Stadion soll dëst Joer faërdeg ginn. Wéi gesäit et mat Parking an ëffentlechen Transport aus ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de “Stade national de Luxembourg” un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeginn.

Den nationale Foussball- a Rugbystadion tëscht der Cloche d’Or a Kockelscheier deen zanter 2017 am Bau ass soll dëst Joer fäerdeggestallt ginn. Deemno kennen dann och dëst Joer déi éischt Mätcher op dësem neie Site gespillt ginn. Fir dass Zuschauer sou einfach a komfortabel bei de neie Stadion kënne kommen ass de Bau vu enger Busgare, engem Arrêt vum Tram an eng P&R vun 2000 Stellplazen nieft dem Stadion virgesinn. Sou steet et an engem gemeinsame Presse-Communiqué vun der Staat Lëtzebuerg an dem Sportsministère vum 6 Juni 2018.

Laut mengen Informatiounen ass nach mat kenger vun dësen 3 Infrastrukturen ugefaange gi mat bauen sou dass sech Fro stellt wéi Zuschauer mam ëffentlechen Transport bei de Stadion solle komme respektiv wou si hiren Auto solle parken.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte riichten.

·         Kann den Här Minister mir dës Informatioune bestätegen ?

·         Kann de Minister Bausch mir soe wéini datt mam Bau vum P&R soll ugefaange ginn a wéini datt dës Aarbechte sollen ofgeschloss sinn ?

·         Wat ass déi genau Kapazitéit vun dësem P&R ?

·         Wéini gëtt mam Bau vun der geplangter Busgare ugefaange a wéini sinn dës Aarbechten ofgeschloss ?

·         Si Vëlosstellplaze virum oder ronderëm de Stadion virgesinn ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck