Muss d’Beweedung no festen Datume gereegelt ginn a wéi séier ginn Ausname geneemegt ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.
Laut dem groussherzogleche Reglement vum 16. Abrëll 2021 ginn et an de verschiddenen Drénkwaasser-Schutzzonen an de Stauséi-Gemengen diverse Restriktiounen bei der Beweedung a bei der Ausbréngung vu Mëscht. Ënner anerem sinn an dem Reglement Periode festgeluecht, wou d’Véi net, oder just mat enger Ausnamegenemigung dierf op d’Weed. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister stellen.
Si Dir der Meenung, dat d’Beweedung muss no feste kalendareschen Datumer gereegelt ginn, wuelwëssend datt d’Natur sech net un Datumer hält?
Si Dir net der Meenung, dat eng Beweedung vun de Wisen wéinst den aktuell héijen Temperaturen am Moment esou guer virdeelhaft wier, souwuel fir d’Natur, wéi och fir d’Déieren?
Missten d’Ausnamen net innerhalb vun e puer Stonnen respektiv innerhalb vun e puer Deeg geneemegt ginn, well d’Beweedung wiederofhängeg ass?
Wéi laang dauert et am Normalfall, bis eng Geneemegung erdeelt gëtt?
Ass d‘Regierung bereet, dat betreffend Reglement unzepassen?
Wa jo, wéini?
Wa nee, fir wat net?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck