Missten Dokteren net grondsätzlech alleguer informéiert ginn, dat si kënnen eng individuell Demande maachen, wann si der Iwwerzeegung sinn, dat en innovatiivt Medikament beim Traitement vun engem Patient sënnvoll ass?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géingen mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Sozialminister weiderzeleeden.

Aus Berichter an de Medien geet ervir, dat et Retarden vu bis zu 9 Méint gëtt, ier innovativ Medikamenter hei zu Lëtzebuerg um Marché disponibel sinn. Schold un dem Mëssstand wier eng Ëmstellung vum System an der Belsch. Betraff sinn an éischter Linn Kriibspatienten a Patienten, déi eng rar Krankheet hunn.   Aus de Berichter geet och ervir, dat Dokteren kënnen eng individuell Demande maachen, wann e Medikament um Lëtzebuerger Marché nach net offiziell disponibel ass. An dem Zesummenhang wollte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Sozialminister stellen:

  • Missten Dokteren net grondsätzlech alleguer informéiert ginn, dat si kënnen eng individuell Demande maachen, wann si der Iwwerzeegung sinn, dat en innovatiivt Medikament beim Traitement vun engem Patient sënnvoll ass?
  • Wéi laang dauert et, bis esou eng Demande accordéiert gëtt?
  • Wéi vill a watfir Medikamenter sinn vun de Retarden betraff?
  • Wéi kann en verhënneren, dat  Lëtzebuerg a Fäll, wou et ëm Liewen an Doud kann goen, vun der Belsch ofhängeg ass?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Jean-Marie Halsdorf

Zréck