Medezinesche Cannabis : Wéi vill Doktere si forméiert, wéi vill Cannabis gouf verschriwwen a firwat gëtt et de Cannabis just a Form vu Bléien ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 524

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Mam Gesetz vum 20. Juli 2018 ass d’Méiglechkeet Cannabis aus medezinesche Grënn ze verschreiwen am Grand-Duché agefouert ginn. D’Gesetz gesäit d’Konditioune vir ënnert deenen d’Doktere Cannabis verschreiwe kënnen, deen d’Patienten dann an enger vun de 4 Spidolsapdikte kënnen ofhuelen.

Informatioune vun der Presse no, gouf am Dezember en Accord tëscht der Regierung an enger kanadescher Societéit déi medezinesche Cannabis produzéiert, ofgeschloss, an et goufen 20 Kilogramm Cannabisbléien op Lëtzebuerg geliwwert, déi säit dem 5. Februar 2019 dierfen u Patienten delivréiert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

–          Wéi vill Dokteren déi am Grand-Duché praktizéieren hu bis elo d’Formatioune gemaach fir medezinesche Cannabis dierfen ze verschreiwen? Wéi vill Generalisten a wéi vill Spezialisten?

–          Wéi vill medezinesche Cannabis gouf scho verschriwwen an u wéi vill Patienten?

–          Aus wéi enge Grënn gëtt et de medezinesche Cannabis am Moment just a Form vu Bléien, wëssend datt hei d’Notzung an  den Dosage vill méi schwéier ass, och well d’Konzentratioun an de Bléie variéiert? Firwat gräife mir net, wéi am Ausland och, z.B. op Ueleg zréck?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck