Lëtzebuerg geet mam gudde Beispill vir, wat d’Ophuele vu mannerjärege Flüchtlingen an der Corona-Kris ugeet. Wéi gesäit et mat aneren EU-Länner aus ?

Här President,

sou wéi d’Chambersreglement et a sengem Artikel 83 virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

Lëtzebuerg geet elo mam gudde Beispill vir, wat d’Ophuele vu mannerjärege Flüchtlingen vun de griicheschen Inselen ugeet. Dat gëtt och international sou gesinn. Mä an der Corona-Kris ass d’Situatioun vun de Flüchtlingen allgemeng nach méi dramatesch. De Risiko, datt d’COVID-19-Infektiounen grad an de Flüchtlingscampen immens zouhuelen, ass besonnesch grouss. Den 2. Abrëll 2020 sinn elo déi dräi Visegrad-Staaten Polen, Ungarn an Tschechien vum Europäesche Geriichtshaff schëlleg geschwat ginn, am Joer 2015 wärend der sougenannter «Flüchtlingskris», déi éischter eng Solidaritéitskris war, net dee Kontingent vu Flüchtenden opgeholl ze hunn, zu deem se laut EU-Recht an EU-Decisiounen verflicht waren.

An deem Kontext géif ech dem Här Ausseminister gäre folgend Froe stellen:

  1. Wéi eng politesch Konsequenzen zitt den Här Minister aus dësem Urteel? Kann et hëllefen, an änleche Fäll, an Zukunft all EU-Memberstaaten derzou ze bréngen, hire proportionellen Kontingent opzehuelen? Gesäit den Här Minister nach aner Hiewelen, fir politeschen Drock op Länner auszeüben, déi sech bis elo enger gerechter Verdeelung verschloss hunn?
  2. Gesäit den Här Minister doriwwer eraus an deem Urteel eng realistesch Chance, fir d’Flüchtlingslageren op de griicheschen Inselen opzeléisen an déi ronn 40.000 Flüchtlingen, déi do ënnert miserabele Konditiounen liewen, op d’Memberstaaten vun der EU ze verdeelen?
  3. Wéi eng Ausweeër gesäit den Här Minister soss aus där schwiereger Situatioun an der Flüchtlingsfro? Wéi wäit sinn mir virun dësem Hannergrond mat der Asylreform vun de sougenannten Dublin-Reegelen?
  4. Wat d’Ophuelen vun de mannerjärege Flüchtlingen ugeet, bei deem Lëtzebuerg mam gudde Beispill virgeet, wéi eng Nouvellen huet den Här Minister hei, wat dat konkret Ophuelen och vun anere Länner, déi sech heizou bereet erkläert hunn, ugeet?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck