Leit aus Drëttstaaten mussen sech enger medezinescher Kontroll(ënner anerem mat Tuberculose-Test )ënnerzéien, fir eng Carte de séjour ze kréien, wann si méi laang wéi dräi Méint wëllen am Land bleiwen. Stëmmt et datt et am Moment méi wéi zwee Méint dauert, bis een bei der Ligue médico-sociale e Rendezvous krit, fir en Tuberculose-Test ze maachen?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Ausseminister a Minister fir d’Immigratioun weiderzeleeden.

Leit aus Drëttstaaten mussen sech enger medezinescher Kontroll ënnerzéien, fir eng Carte de séjour ze kréien, wann si méi laang wéi dräi Méint wëllen am Land bleiwen. An dem Kader gëtt och en Tuberculose-Test verlaangt. Eisen Informatiounen no dauert et am Moment méi wéi zwee Méint, bis een bei der Ligue médico-sociale e Rendezvous krit, fir en Test ze maachen. An dem Kontext   géing ech gär folgend Froen un den Här Ausseminister a Minister fir d’Immigratioun stellen:

  • Kënnt Dir des Informatiounen bestätegen?
    • Wa jo, kënnen déi betraffe Persounen och op enger anerer Plaz esou en Test maachen?
  • Wat fir Konsequenzen huet déi laang Waardezäit fir déi betraffen Persounen?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir d’Waardezäit bei den Tester ze verkierzen?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir méiglech negativ Konsequenzen fir déi betraffen Leit ze verhënneren?

Här President, ech  Iech bieden mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck