Laut EU-Reglement hunn d’Leit, déi ee Flug gebucht hunn an deen covid-bedéngt huet missen ofgesot ginn, d’Recht de Remboursement ze froen. Gëtt de Fluch net ofgesot, hunn vulnerabel Persounen eigentlech kee Choix. Fléie si net, verléiere si hir Suen. Fléie si, exposéieren si sech engem onnéidege Risiko. Gedenkt d’Regierung dëse Persounen finanziell entgéint ze kommen? Wa jo, ënnert wéi enger Form?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 83 vun eisem Reglement dat virgesäit, wéilt ech folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Verbraucherschutz an un d’Häre Ministeren fir Mobilitéit an Tourismus stellen.

 

Laut EU-Reglement hunn d’Leit, déi ee Flug gebucht hunn an deen covid-bedéngt huet missen ofgesot ginn, d’Recht de Remboursement ze froen. Se kënnen sech ausbezuele loossen, oder awer e Reesbong froen.

 

Gëtt de Fluch net ofgesot, hunn vulnerabel Persounen eigentlech kee Choix. Fléie si net, verléiere si hir Suen. Fléie si, exposéieren si sech engem onnéidege Risiko.

 

Duerfir wéilt ech folgend Froen un d’Madamm an d‘Häre Ministere stellen:

 

  • Ass de Ministeren dës Problematik bekannt ?

 

  • Wéi sollen sech déi betraffe Persounen verhalen?

 

  • Gedenkt d’Regierung dëse Persounen finanziell entgéint ze kommen? Wa jo, ënnert wéi enger Form?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck