D’Landwirtschaft ass e wichtege Bestanddeel vun der lëtzebuerger Geschicht. Wéi steet d’Regierung zum Projet vun engem nationale landwirtschaftleche Musée?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft an un den Här Minister fir Tourismus weider ze leeden.

 

Landwirtschaft ass e wichtege Bestanddeel vun der lëtzebuerger Geschicht. Laut eisen Informatioune wieren de Landwirtschaftsministère souwéi och den Tourismusministère un der Realisatioun vun engem nationalen landwirtschaftlechen Musée interesséiert.

Dëse Projet wier wichteg, well d’ Akerbauschoul deemnächst an hir nei Raimlechkeete plënnert, sie awer hir sëllegen Exponaten, Archivalen an och Maschinne vu fréier, déi schonns z.b. renovéiert sënn, net op den neie Site ka mat huelen. Esou ee Musée wier och déi richteg Plaz fir generell historescht Material an Exponaten aus der Landwirtschaft auszestellen, ze schützen an z’erhalen. Sou kéinten zb och Objet ‘en aus dem fréieren Agrozenter op sou enger Platz ënnerbruecht ginn

An dësem Kontext wollt ech dem Här Minister fir Landwirtschaft an dem Här Minister fir Tourismus folgend Froe stellen:

  • Kënnen d’Ministere bestätegen, datt sie esou engem Projet vun engem landwirtschaftlechem Musée géigeniwwer positiv gesënnt sinn?
  • Ass um aktuellem Site vun der Akerbauschoul zu Ettelbréck d’ Realiséierung vun dësem Projet méiglech?
  • Wann jo, ass d‘Regierung prett esou ee Projet op Been ze stellen ?
  • Wann neen, gëtt et an der Nordstad een aneren appropriéierte Site fir esou e Musée anzeriichten ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

Zréck