Kritt den Ausbau vun de Vëlosweeër Prioritéit par Rapport zu anere Chantieren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeginn.

An engem Bäitrag op de soziale Medien vum 18. Mee 2020 sinn “déi jonk gréng” der Usicht dass ” Vill Lëtzebuerger*innen hunn an Zäite vum Confinement de Vëlo nei entdeckt. Grad elo kënne mir dofir den Déconfinement notze fir déi douce Mobilitéit ze fërderen a méi attraktiv ze maachen… En staarkt Zeeche kéint ee setzen, wann déi scho geplangte Vëlosweeër géinge Prioritéit kréien par Rapport zu anere Chantieren…”.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Kritt den Ausbau vun de Vëlosweeër Prioritéit par Rapport zu anere Chantieren?
  • Ginn eenzel Vëlospiste virgezunn? Wa jo, wéi eng? Wéi gesäit et dee Moment mam Budget aus? Wa neen, firwat net?
  • Wéi eng Chantiere gi gegebenenfalls zeréck gestallt?

Här President, ech biede lech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck