Klappjuegten an afrikanesch Schwengspescht: Ass et méiglech ouni Klappjuegten déi festgeluechte minimal Unzuel un Wëllschwäin ze schéissen? Wat sinn di präventiv an konkret Mesuren déi Regierung wéilt ënnerhuelen falls di afrikanesch Schwéngspescht hei am Land nogewise gëtt?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kënn der ënnert dësem Link noliesen : QP375

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

An de leschte Méint a Woche war déi afrikanesch Schwengspescht vill an de Medien. D’Regierung huet och eng Task Force an Weeër geruff. Och de Bestand vun de Wëllschwäi war an ass heivu betraff.

Laut mengen Informatioune sinn an de leschte Joren déi vum Plan de tir de certains gibiers festgeluechte minimal Unzuel un Déieren, déi misste geschoss ginn, net erreecht ginn. Sou sinn och an de leschten Joren z.B. ±20% manner Wëllschwäi geschoss ginn, wéi hätte missen.

 

Année cynégétique 2015/2016 2016/2017 2017/2018 Total Moyenne
Plan de tir 5.967 5.967 5.967 17.901 5.967
Gibier tiré* 4.921 4.720 ? 9.641 4.821
Différence -17,5% -20,9%  ? -19,2%

*Source Statec

 

Et gi momentan vill Diskussioune ronderëm d’Klappjuegten. Och d’Ministesch huet an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro dovu geschwat, fir „eng Analyse vun der Praxis vun der Klappjuegd ze maachen“. Laut mengen Informatioune ginn allerdéngs 80-90% vun de Wëllschwäin op dëse Juegte geschoss.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch déi uewe genannten Informatioune confirméieren?
  • Ass et laut der Madamm Ministesch méiglech ouni Klappjuegten déi festgeluechte minimal Unzuel un Wëllschwäin ze schéissen?
  • Wéi géing der Madamm Ministesch no d’Populatioun vun de Wëllschwäin ouni d’Klappjuegten evaluéieren?
  • Wat sinn di präventiv an konkret Mesuren déi Regierung wéilt ënnerhuelen falls di afrikanesch Schwéngspescht hei am Land nogewise gëtt?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck