Kënnt et beim Traitement vun Dossiere vu „Mineurs non accompagnés“ zu Problemer an domat zu Retarde bei der Scolarisatioun kënnt?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no kënnt et vir, dass „Mineurs non accompagnés“, déi an enger „Structure d’urgence“ opgeholl gi sinn, no zwee Méint nach ëmmer net dierfen an d’Schoul goen, well et op administrativem Niveau zu Problemer beim Traitement vun hirem Dossier kënnt. Déi Dokumenter, déi zertifiéieren, dass déi concernéiert jonk Leit medezinesch ënnersicht goufen, kommen net bei der Santé un. Doduerch kann d’Santé de Certificat, dass se „apte“ si fir an d’Schoul ze goen, net un de Foyer weiderleeden.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Minister fir Gesondheet an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kënnen d’Madamm an den Här Minister confirméieren, dass et beim Traitement vun Dossiere vu „Mineurs non accompagnés“ zu Problemer an domat zu Retarde bei der Scolarisatioun kënnt?
    • Wa jo, wéi vill Fäll sinn aktuell bekannt?
  • Wéi eng Moossname gi geholl, fir dofir ze suergen, dass „Mineurs non accompagnés“ no bestanenem medezineschem Test schnellstméiglech kënnen an d’Schoul goen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Max Hengel

Zréck