Kënnen Rezepter fir Medikamenter an Zukunft an digitaler Form iwwermëttelt gin?

Här President

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un de Minister vun der Sécurité sociale weiderzeleeden.

Wärend der Pandemie konnten eng ganz Rei medezinesch Akter aus der Nout eraus digital ofgewéckelt ginn. An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un de Minister vun der Sécurité sociale stellen.

  • Kënnen Rezepter fir Medikamenter an Zukunft an digitaler Form iwwermëttelt gin?
  • Wa jo, kritt een an der Apdikt seng Medikamenter, wann een d’Rezept an digitaler Form presentéiert oder muss een dat Dokument op Pabeier ausdrécken?
  • Wat fir Prozeduren bei der Gesondheetskees sinn haut schonn digital am Kader vum Projet „CNS goes digital“ méiglech?
  • Erfollegen d’Remboursementer an digitaler Form méi séier?
  • Wéi vill Prozent vun den Assuréë, déi bei der CNS assuréiert sinn, notzen déi nei Méiglechkeeten schonn?
  • Sinn bei der CNS nach aner Déngschtleeschtungen an digitaler Form geplangt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck