Kënne wéi geplangt d’Aarbechte vun der Verbreedung vun der B7 an domat vum Lärmschutz op der der Héicht vu Schieren Enn 2019, Ufank 2020 ufänken?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 1249

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro iwwert Ëmgeeungsstrooss vun der B7 un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

 

An der Äntwert op parlamentaresch Fro No 3930 vum 13. Juli 2018 iwwer Lärmschutzmoossnamen am Kader vum Ausbau vun der B7 op der Héicht vu Schieren huet Regierung informéiert, dass als Lärmschutzmoossname Schallschutzwänn soll gebaut ginn, op enger Gesamtlängt vun 2 788 Meter béidsäiteg vun der Strooss.  Des Moossname sollen am Kader vun der Verbreedung vun der B7 realiséiert ginn. An der selwechter Äntwert ass och präziséiert ginn, dass mat den Aarbechte vun der Verbreedung, an domat vum Lärmschutz Enn 2019, Ufank 2020 ugefaange ginn.

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Kenne wei geplangt d’Aarbechte vun der Verbreedung vun der B7 an domat vum Lärmschutz op der der Héicht vu Schieren Enn 2019, Ufank 2020 ufänken?

 

  • Wei eng Inzidenzen hunn déi aktuell Ausgruewungen um Site vun der Réimervilla zu Schieren op dëse Planning ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

Zréck