Kéinte Privatentreprisen Subside kréien, wa si sech bereet erklären hire Maschinnen-Park am Fall vu Naturkatastrophen zur Verfügung ze stellen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir de Mëttelstand, d’Madamm Inneminister an d’Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

Déi rezent Iwwerschwemmungen huet gewise wéi séier am Fall vun esou Naturkatastrophen, nieft dem Asaz vu CGDIS, Arméi, staatleche Verwaltungen a Gemengen, Hëllef ka mobiliséiert gi vu privaten Entreprisen aus dem Beräich vum Bau, der Landwirtschaft oder dem Wäibau, déi mat hire Maschinne gehollef hunn ze raumen. Ouni dës wäertvoll Ënnerstëtzung vun alle concernéierten Acteuren, hätten d’Opraumaarbechten net esou séier kënnen organiséiert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kéint d’Regierung sech virstellen datt Privatentreprisen déi sech bereet erklären hire Maschinnen-Park am Fall vun esou Naturkatastrophen zur Verfügung ze stellen, e Subside kéinte kréie bei der Uschafung vun neie Maschinnen déi fir esou en Asaz gëeegent sinn?
  2. Wann nee, fir wat net?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

               

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck