Kann eis de Minister soe wat d’Präisentwécklung bei den Eefamilljenhaiser iwwert déi lescht 12 Méint respektiv iwwert déi lescht 18 Méint war?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister weiderzeleeden.

 

Déi läscht Jore sinn Präisser um Wunnengsmäert carrement explodéiert. COVID-19 Pandemie huet dësen Trend net gebremst, am Géigendeel. Bis September 2021 sinn d’Präisser nees eng Kéier ëm 13,4% an d’Luucht gaangen a vill Leit schéngen an dësen Zäiten op der Sich no engem Eefamilljenhaus gaangen ze sinn. Zanter 2010 sinn d’Präisser vun den Eefamilljenhaiser laut Eurostat zu Lëtzebuerg ëm 117% an d’Luucht gaangen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Här Wunnengsbauminister stellen.

 

  • Kann eis de Minister soe wat d’Präisentwécklung bei den Eefamilljenhaiser iwwert déi lescht 12 Méint respektiv iwwert déi lescht 18 Méint war?

 

  • Wei héich ass déi kumulativ Hausse vun de Wunnengspräisser zënter dem Joer 2018 fir Appartementer an Eefamilljenhaiser ?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck