Kann d’Regierung oplëschten, wéi vill Flüchtlingen (differenzéiert no hirem Statut) um Territoire vun all Gemeng hei am Land an de jeeweilege Strukturen ënnerbruecht sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Innenministesch an den Här Minister fir Immigratioun an Asyl weiderzeleeden.

Viru kuerzem huet de Minister fir Immigratioun an Asyl de Bilan zu dësem Sujet fir d‘Joer 2022 virgestallt. Aus dem Bilan geet ervir dass d’Demandë fir Asyl erëm méi staark klammen an dass Lëtzebuerg esou lues u seng Grenze stéisst. Sou sinn ons national Opfangstrukturen zum Beispill zu 94.9% fir d’DPI, bzw. zu 90.5% fir BPT, gefëllt. Leider ginn aus dem Bilan puer Zuelen net ervir, zum Beispill wou d’Asylbewerber ënnerbruecht sinn.

Am dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Ministere stellen:

  • Kann d’Regierung oplëschten, wéi vill Flüchtlingen (differenzéiert no hirem Statut) um Territoire vun all Gemeng hei am Land an de jeeweilege Strukturen ënnerbruecht sinn?
  • Kann d’Regierung d’Flüchltingskapazitéiten (z.B. den Taux d’occupation vun de Strukturen) vun all Gemeng uginn, souwuel kuerzfristeg, wéi och laangfristeg?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Claude Wiseler                                  Marc Spautz                                      Paul Galles

Deputéierten                                    Deputéierten                                     Deputéierten

Zréck