Kann d’Regierung mir matdeelen wéi vill Fäll un «verletzendem Verhalten» et déi lescht Joren an eise Crèchen gouf?

Här President,

 

sou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Edukatioun, Kanner a Jugend weider ze leeden .

 

Am Mee 2020 huet an Däitschland e Fall schockéiert vun engem klenge Meedchen, dat vun senger Educatrice esou schwéier mësshandelt gouf, dass et u sengen Verletzungen verstuerwen ass.

 

An Däitschland huet d’Bundesarbeitsgemeinschaft «Mehr Sicherheit für Kinder e.V.» eng representativ Ëmfro lancéiert, déi d’Direktiounen vun Crèchen befreet, ob an wéi heefeg se «verletzendes Verhalten» an hiren Raimlechkeeten wouergeholl hunn. 20 % hätten «heefeg» uginn.

Et hätt een festgestallt datt ënner anerem Stress an Iwwerfuerderung vun den Educateuren/tricen Schold un dësem Verhalen wieren. Esou géif et un Personal feelen, d’Gruppen vu Kanner déi ob een/eng Educateur/trice kommen wieren ze grouss. Och hätt ee festgestallt datt et heiansdo un Fachlechkeet géing feelen. Eng Ausbildung zum Thema «feinfühliger Umgang mit Kindern und Kinderschutzkonzepte» ginn elo ob d’Been gestallt.

 

Och wann esou Fall vun «verletzendes Verhalten» sécherlech schlëmm Ausnamefäll duerstellen, wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Kann d’Regierung mir matdeelen wéi vill Fäll un «verletzendem Verhalten» et déi lescht Joren an eise Crèchen gouf? Gin et dozou Statistiken ?
  • Falls net, huet d’Regierung och Wëlles esou eng Ëmfro bei den Crèchedirektiounen ze maachen ?
  • Falls jo, an am Fall wou esou e Verhalen festgestallt gouf, wat sinn d’Grënn dofir ? Läit et och un Iwwerfuerderung an Stress duerch Manktem u Personal?
  • Wat gesäit d’Regierung vir an deem Fall ze maachen ? Plangt d’Regierung och eng Ausbildung zum Thema «feinfühliger Umgang mit Kindern und Kinderschutzkonzepte» an ze féieren ?

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck