Kann d’Regierung matdeelen op d’Analys schonns ofgeschloss ass, déi sech mat engem méigleche Forfait fir Inkontinenzmaterial befaasst ?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

An hirer Äntwert ob eis parlamentaresch Fro n° 2663 vum 13. August 2020 betreffend engem Forfait fir Inkontinenzmaterial huet d’Regierung annoncéiert datt de Ministère vun der sozialer Sécherheet déi zoustänneg Zerwisser beoptraagt huet «eng Analys ze maachen op et am Respekt vun den Dispositioune vum Artikel 23 vum Code vun der sozialer Sécherheet méiglech ass, eng Erweiderung vun der Prise en charge duerch d’Krankeversécherung ze maachen […]».

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen op dës Analys schonns ofgeschloss ass?
  • Wann jo, wat ass d’Resultat vun dëser Analys?
  • Wann nee, aus wéi engem Grond ass dës Analys bis dato nach net ofgeschloss an wéini gesäit d’Regierung vir dës ze clôturéieren wëssend datt dëst en wichtegt Thema duerstellt vir Leit déi am Alldag ob speziellt Material, wéi Wëndelen ugewisen sinn ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

 

Marc Spautz

 

Jean-Marie Halsdorf
Deputéiert

 

 

Zréck