Kann d’Regierung confirméieren, dass Servicer vum Staat „casier-ähnlech“ Fichieren alimentéieren mat Faiten, déi zwar eng strofrechtlech Konnotatioun kéinten hunn, déi awer ni zu iergendwelleche Condamnatiounen gefouert hunn?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 640

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister, den Här Minister fir Kommunikatioun a Medien, den Här Justizminister an den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Et ass mir zougedroe ginn, dass Servicer vum Staat „casier-ähnlech“ Fichieren alimentéieren mat Faiten, déi zwar eng strofrechtlech Konnotatioun kéinten hunn, déi awer ni zu iergendwelleche Condamnatiounen gefouert hunn.

Duerfir wéilt ech folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

  • Kann d’Regierung d’Bedreiwen vu sou Datebanken confirméieren?
  • Wa jo, wéi eng Servicer besëtze sou Fichieren?
  • Wien huet Accès op dës Daten an zu wéi engen Zwecker?
  • Kënnen dës Informatiounen och benotzt ginn am Kontext vun Neiastellungen beim Staat?
    • Wa jo, a wéi enge Fäll ass dat méiglech?
    • Wann net, kann d’Regierung confirméieren, dass dës Informatiounen an der Vergaangenheet net fir sou Zwecker „mëssbraucht“ goufen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck