Kann d’Regierung confirméieren, dass sech am Kontext vun den Manifestatiounen géint déi sanitär Moossnamen, Persounen befannen, déi sech rietsextreemen Tendenzen / Mouvementer zougehéiereg weisen?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement dat virgesäit, wéilte mir folgend parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister, d’Madamm Justizministesch an den Här Minister fir Bannenzegt Sécherheet stellen.

Am Kontext vun den Manifestatiounen géint déi sanitär Moossnamen gëtt ëmmer nees drop verwisen, dass de Protest, vun rietsextreemen Mouvementer ënnerwandert ass. Eng Persoun aus besotem Milieu gouf jo och schonn a mindestens enger Dageszeitung mam Numm genannt. Och bei engem Police-Asaz leschte Samschden zu Gréiwemaacher, wärenddeem Sprengstoff a Waffen konnte geséchert ginn, gëtt dem Besëtzer ee rietsextreeme Profil nogesot.

 

Aus deem Grond wéilte mir folgend Froen un d’Madamm an d’Häre Ministeren stellen:

– Kann d’Regierung confirméieren, dass sech ënnert de Manifestanten, Persounen befannen, déi sech rietsextreemen Tendenzen / Mouvementer zougehéiereg weisen ?

– Ëm wéi vill Persounen handelt et sech hei ?

– Ginn dës Persounen adequat surveilléiert ? A wéi fern ass de Sécherheetsautoritéiten erlaabt Messenger-Déngschter “matzeliesen” ?

– Bestinn eventuell Verbindungen tëscht dëse Persounen an Leit, aus dem noen europäeschen Ausland? Kann d’Regierung bestätegen, dass d’Zesummenaarbecht an den Informatiounsaustausch mat de Sécherheetsautoritéiten aus deene Länner einwandfrei funktionéiert ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Lauren Mosar

Léon Gloden

Zréck