Kann d’Regierung confirméieren, dass Assuréen, déi d’Prepensioun iwwert den EU-Formular P5000 zu Lëtzebuerg ufroen, anescht behandelt ginn ewéi Residents ?

 

Här Fernand Etgen

President vun der Chamber

Lëtzebuerg, den 15. Februar 2023

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

An engem Artikel aus dem Tageblatt Nr. 39 vum 15. Februar 2023 mat der Iwwerschrëft „Schafft ein neues Formular Ungerechtigkeiten bei der Rente?“ geet ervir, dass een Assuré aus Däitschland dierf éischter an d’Prpensioun goen, well e Formulaire, dee säit Ufank 2022 ugewannt gëtt, seng Studiejoren an Däitschland anescht urechent, ewéi dat fir Assuréen vu Lëtzebuerg de Fall ass. Laut dem Tageblatt gouf des Tatsaach och vun der CNAP bestätegt.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann de Minister confirméieren, dass Assuréen, déi d’Prepensioun iwwert den EU-Formular P5000 zu Lëtzebuerg ufroen, anescht behandelt ginn ewéi Residents ?
  • Falls jo, wéi vill där Fäll sinn dem Här Minister säit der Aféierung vun deem Formulaire Ufank 2022 bekannt?
  • Wat gedenkt den Här Minister ze ënnerhuelen, fir des latent Ongerechtegkeet aus der Welt ze schafen?

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen

               Marc Spautz

 

Deputéierten

 

Zréck